BofferdingFirwat ech Grënnungsmember vun der AHA gi sinn? Firwat net – fir mech gëtt et kee Grond fir net vum Projet iwwerzeegt ze sinn. Ech sinn der Meenung, dass de Mënsch och ouni Relioun e glécklecht Liewe ka féieren.

Als klengt Meedchen hunn ech eng Educatioun fräi vu religiéisen Dogmen konnten genéissen. Ech gouf esou erzunn, dass ech u mech selwer sollt gleewen, staark a selbstbewosst mäi Liewen an d’Hand soll huelen. A mech net op e „Gott“ verloosse soll, deen alles fir mech regelt, woubäi et kee Beweis gëtt, dass e wierklech existéiert.

Ech krut och d’Méiglechkeet mat der kathoulescher Kierch a Kontakt ze kommen, esou wéi all meng Frënn. Schnell hunn ech awer gemierkt, dass ech mech an der Institutioun net erëm fond hunn. Ech weess net wat mech méi gestéiert huet, dee gekräizegten Jesus, dee mär hu missten faarweg molen oder déi bluttrünsteg Geschichten, déi een als Kand gefaart huet. Ech hu mer ëmmer d’Fro gestallt, wéi et méiglech ass un e „gudde Gott“ ze gleewen, deen esou vill Misère zouléisst? Fir mech waren et Märecher déi absolut näischt mat der Welt an der mär Mënsche liewen, ze dinn hunn. Haut sinn et fir mech nach ëmmer schwéier onverdaulech an onverständlech Geschichten, mä ech hunn awer verstanen, dass se iwert Epochen e grousst Verbriechen un der Mënschheet verübt hunn.

Relioun ass Gëft fir mündeg a kritesch denkend Mënschen. Ech setze mech fir en laizistesche Staat an, wou d’Reliounen zur Privatsaach deklaréiert ginn a jiddereen denken a gleewe kann wat e well. Ouni, dass awer Kierchefabriken dem Staat op der Täsch leien a Milliounen vu Steiergelder nogeheit kréien.

D’Sue sollten an eis Kanner an hier Bildung gestach ginn, dovunner hu se méi am Liewen, wéi e Glawen, deen op rengen Spekulatiounen an onrealisteschen Tatsaache berout.

Fir am Liewen weider ze kommen, soll jidderee u sech selwer gleewen – domadder ass ee schon baal op der gewonnener Säit.

Kontakt: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!