Paul Hammelmann, Avocat

"Wann et esou weidergeet sëtzt geschwënn erem eng Fra um Péitruss séngem Stull.

Unisono gëtt jo behapt de Popst Benedikt hätt niemols esou eng Décisioun wéi d’Rehabilitatioun vum negationisteschen Bëschof Williamson en connaissance de cause geholl.

Hien wir schlecht oder guer net beroden an informéiert gewiescht iwert déi schokant an strofbar Aussoen vum Williamson.

Wann dât esou ass, daerf én sech wirklech d’Fro stellen wéi de Muechtapparat am Vatikan fonktionnéiert, wann en net emol Bescheed wees iwert seng Beschéf déi notoresch Légner vum Holocaust sin !?

Wann dé Betrieb esou weltfremd ass kann en vielleicht och keng Fra vun engem Mann ennerschéden !? (besonnesch, wou sie d’Selwescht gekléd sin).

Ech kann verstoen datt déi Leit déi un d’Onfehlbarkét vum Stellvertrieder Christi op Erden gléwen, des Thèse vun der Ignoranz vertrieden, an och ech kann mer schlecht virstellen datt séng Hellegkét bewosst esou eng Kontestatioun inner – an ausserhalb vun der Kirch wollt lasstrëppelen.

Ech gléwen och net datt de Popst Josef Razinger trotz – oder grad wéinst – senger Nationalitéit an trotz sénger Vergangenhét, esou infam Theorien géif vertrieden.

Och well ech den intégréierten Elementer an der lëtzebuerger Kierch dem Erzbeschof an dem Katholikerôt eng duerchaus, wann net couragéiert, dann awer konsequent an éierbar Haltung zougestoen.

An trotzdem ass dat wat geschitt ass net méi gudd ze man.

Erlabt mer dofir e puer Wuert an égener Saach :

Ech sin opgewues an engem Elterenhaus an zu enger Zeit wou d’Erënnerung un den 2. Weltkrich omnipräsent war, besonnesch un dat wat mein Papp a 4 Joer onbezueltem Zwangsurlaub a verschiddenen Konzentratiounslageren erliewt hat, well en soss neischt verbrach hat wéi géint d’Occupatioun vum Land ze manifestéieren.

Ech sin erzu ginn an der Iwerzégung alles mussen ze versichen fir datt esou eppes nët méi virkënnt.

Ech hu mer zur Pflicht gemach all Formen vun Rassismus, Antisemitismus, Intoleranz an all mënschenveruechtend Ideologien ze bekämpfen.

Ech hun mat mengem Papp an mat aneren Zeitzeien an – fir d’Erennerung weiderzedroen – mat Schüler aus lëtzebuerger Schoulen wéinstens eng Dozend mol d’Konzentratiounslageren vun Natzweiler – Struthof, Mauthausen, Dachau an Ausschwitz besicht.

Ech konnt bei dëse Visiten feststellen Här Williamson datt d’Schminien an de Krematorien héich genuch an datt d’Dieren an de Gaskammeren dicht genuch waren fir Milliounen Leit, Juden, Sinti, Roma, Katholiken, Homosexueller, politesch Häftlingen aus dénen niedregsten Bewéggrénn op eng industriel an infam Manéier emzebréngen an ech kann mat dém Wëssen a Gewëssen nët mat esou Leit zesummen an engem Verein sin.

Ech erlaben mer dofir haut an hei, öffentlech, an am Respekt virun der Reliouns – an Meenungsfreiheet, meng definitiv Démissioun aus der helleg, réimesch, kathoulescher Kierch, bekannt ze ginn."

- Paul Hammelmann