"Diese Seite richtet sich keinesfalls gegen Religion an sich und Menschen, die in ihrem persönlichen Glauben ein Instrument zur Realitätsbewältigung gefunden haben. Alle zusammen sind wir der Ansicht, dass ein gemeinsames Miteinander in unserer heutigen Gesellschaft mehr denn je gefördert werden muss, ohne eine spezifische Weltanschauung zu begünstigen."
Déi Astellung do kann ech begréissen. Ech froe mech allerdéngs, ob se säitens der LibCo eescht gemengt ass. Wann ech kucke, wéi aggressiv, fanatesch a missionaresch vu verschiddene vun hire Memberen (ech wëll bewosst net generaliséieren) virgaange get a wat fir haarsträubend Behaaptungen do an d'Welt gesat ginn (an enger öffentlecher Konferenz deslescht huet d'Präsidentin vun der LibCo alle gleewege Mënschen ënnerstallt, net demokratiefäheg ze sinn, well en d'Gesetzer vu Gott géif iwert déi aner Gesetzer stellen), da komme mir do meng Zweifel. Déi Leit schenge jiddefalls a puncto Strategien vill bei de Methode vun der Kierch aus dem Mëttelalter ofgekuckt ze hunn.
Zu där Saach mat der Demokratie vläit just esou vill:
1. Vill Gleeweger gleewe jo éischter un eng héijer Muecht, déi se net genau bestëmme wëllen, an net onbedéngt un dat Gottesbild, wat d'Kierch ausgeschafft huet. Et kéint een déi jo mol froen, wat se vun der Demokratie halen. Der Ausstellung "Glaubensaache" no bezeechnen sech jo hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer iwer 50 % als gleeweg.
2. Mee och d'Kierch an eise Géigende positionnéiert sech zur Demokratie an hiren Dokumenter eendeiteg: Am Deutschen Erwachsenenkatechismus heescht et am Band 2 op S. 251: "Die Erfahrungen der Geschichte wie der Gegenwart zeigen, dass demokratische Regierungsformen am ehesten geeignet sind, jene gerechten Verhältnisse zu schaffen, die dem einzelnen wie der Gesamtgesellschaft entsprechen."
Datt et gleeweg Leit get, déi antidemokratesch sinn, streiden ech net of, mee et get och net-gleeweg Leit, déi antidemokratesch sinn. Ze behaapten, datt Glawen an Demokratie per se inkompatibel wiren, ass allerdéngs eng grenzelos *** selwer zensuréiert ***.

Naja, de Weekend stoung jo zwar am Tageblatt, datt an daer Enzyklika do vum Jean-Paul II. vun 1995 steet, datt de vatikaneschen Droit iwert den Entscheedunge vun demokratesch gewieltene Parlamenter soll stoen. Do stellt een sech dann natierlech scho Froen. Mee ech denke mol, datt dat jo net generell gelt, mee just a bioethesche Froen (dorem geet et jo an deem Text), an den Text riicht sech jo eigentlech just un d'Katholiken, fir hinnen ze soen, datt se net alles, wat de Staat erlaabt, och automatesch solle gutt fannen. Fannen net, datt een dorauser kann ofleeden, datt de Vatikan geint d'Demokratie wir.