wann's de eis hei elo och nach d'hënger an eis gäärt verfluchs, dann get et hei wierklech knaschteg:-)))))))))))))))
Bestätegung vum Austrett (JPG)
@ ech_gleewen:
Tjo dat waren nach déi gutt al Zäiten, wéi déi béis Heretiker nach all ouni vill Gedeesems verbrannt goufen, oder? Haut geet dat leider nëmme méi nach metaphoresch mam "Onkraut". Merci fir deen intressanten, scho bal freudianeschen Abléck an d'Weltbild hannert dem Nächsteléift-a-Bridderlecheet-Mäntelchen.
Mee wann s de scho mengs, hei mat Greef an Heel missen ze hantéieren, da kenns de bestëmmt och dee Spréchelchen: Onkraut vergeet net!
Ite missa est.
Wann ech di Kommentaren vum "ech_gleewen" hei liesen, da wéess ech och erem, firwaat ech iwerhaapt austrieden. Matt sou Lait kann a wëll ech mech nët op éen Niveau stellen.
Tjo, an daat beweist dass een sech nett emmer alles kann eraussichen (Fräi sinn). Menger Meenung no, huet ëtt dann wiirklech sou lang missen dauren biss dass de den Schratt no hannen gemeet hues?? Hues de dech genau sou missen entoureiert fillen vun selweschten Phänomener weist du fiir dass de ëtt misst maachen?? Ëtt ass awer blöd dass eng esou initiativ huet missen gegrennt ginn fiir sech nett alleng ze fillen!
Ech bleiwen hannert deem waat ech gesoot hun! Ëtt gëtt endlech Zäit fiir d'Spreu vum Wees ze trennen!
Op dei nächst 8000 (oder nach mei), den Härgott soll sech deenen erbaarmen! :D
Ech sinn ëmmer nach der Meenung, an der Kierch misst eigentlech Plaz fir jidderee sinn, net just fir déi déi 100-prozenteg iwerzeegt sinn. Dat ass jiddefalls dee Geescht, deen an den Texter vum zweete vatikanesche Konzil an och aus den Evangelien selwer herrscht. An deem Sënn fannen ech sou fundamentalistesch Aussoen wéi "Et gët Zäit, datt d'Spreu vum Weizen getrennt get" héchst problematesch. Dat erënnert mech un sou Sekten wéi d'Mormonen oder d'Zeugen Jehovas, déi d'Welt och an zwou Kategorien andeelen: Déi Gutt (déi déi derzou gehéieren, an déi an d'Paradies kommen) an déi Béis (déi déi net derzougehéieren, an déi an d'éiweg Verdammnis kommen).
Ma lauschter mol! D'Kiirch huet keen vun Iech eraus geheit. Är nëtt 100% Iwwerzeegung huet Iech selwer fräi gemeet fiir den Entschloss ze faassen auszetrieden an är Daaf ze verneinen!
An a propos Konzil, ech hätt dech gären gesinn deemols firdrun auszetrieden. Elo ass ëtt jo vill mei einfach, du schreiwst däin Wonsch wei dem "Weihnachtsmann" an engem Breifm an schon geet en an erfëllung!
Mee gleew mer genau wei ech denken dass der vill mei keinten austrieden, sou denken ech awer och dass d'Kiirch Iech ëmmer matt openen Ärm nees ophëllt!
(Nach kuerz, vun 100% Iweerzeegten, ass ëtt wäit gegraff dass een zu enger Sekt gëtt). Dann missen een fiir Iech grapp-voll 100% fräi iwwerzeegten Atheisten an Agnostiker och esou een scheint wuert fannen wei Sekt.)
Oh la la. Lo kréien sech schon hei 2 Kiirchegänger an d'Hoer oder wei ;-) Ech muss soen, datt ech schon eng gudd Zait wollt austrieden, mé vun engem Kolléch heiren haat, dén daat gemaach haat an ni eng Äntwert kruut. Firwaat sollt ech mer also d'Méi maachen, wann main Bréif an d'Poubelle gehait gett. Mé durch di hei Initiative können se wuel net mi aanescht wi nogin.
Är Kiirch brauch mech och net matt oppenen Ärm rem opzehuelen, well ech daat ni an Usproch huele wärt. Firwaat sollt ech als én, dén iwerzégt ass, datt dé ganzen Gottesquatsch nëmmen am Kapp vu vill ze ville Leit stattfönnt, op émol gléewech gin. Never !!! Ech kommen super gudd matt méngem Liewen zurecht, ech hu vill Spaass, och heinsdo Léed, ech sin glécklech an zefridden, an ech gléewen u mech an un déi di ech gär hun. Ech déelen matt aaneren an ech spenden och mol Trouscht. Ech brauch ké Gott ! Ech ziele mech matt grousser Fréed zu dém "Grapp" Atheisten.
Wann ech dem "ech_gleewen" seng agressiv an provokant Aussoen liesen,
errenert mecht daat un den Paschtouer aus mengem Duerf...
Genau sou hysterisch an agressiv hued deen och geschwaat...
AN deen leiwen Mann, deen d'Wuert vun Gott priedegt, hat schon eng sexuel Affaire mat enger Kirchgängerin... Iwerhaapt, dierfen dei iwerhaapt Privatbesetz hun? Deen heiten ass zwa an Sachen High-Tech gudd ausgerecht!!!
Naja, dann zielt den "ech_gleewen" dass een misst daat gudd vun deem schlechten trennen obwuel dei kathoulesch Kierch jo eigentlech jiddereen glaich behandlen misst, ob Kathoulesch oder net...
Sou ass d'Kiirch, se wessen net waat iwert do zielen an machen...
An waat main Glawen ubelangt...
Den Jesus wua souweisou den eischten Hippie, och mat Sandalen duerch D'Welt gepilgert an Fridden an Leift gepriedegt... Just wua hien net um LSD- oder THC-Flipp.
Keint een soen, hien wier suguer Buddhist gewiecht, well komescherweis hued hien verblüffend Ähnlechkeet mam historeschen Buddha (Siddhartha Gautama), deen jo och an der Faschtenzait wua, an den Siddhartha ass jo och vun enger beiser Gestalt an Versuchung gefeiert genau wei den Jesus vom Daiwel an Versuchung gefeiert ginn ass
Just dass Siddharta 400-500 Joer virum Christus geliewt hued...
No ganzer 6 Méint warden, ass virun enger gudder Woch d'Äntwert an domatt d'Bestätegung vun mengem Äustrëtt ukomm. Vun enger Partie Leit ass zë héiren, daat sie als Äntwert just eng Copie vun hirer Demande matt Stempel zréckgeschéckt kruuten. Hun mier dowéinst och nët méi erward, wor awer dun emsou méi frou, wou ëch daat selwecht Schreiwes kruut, wéi daat, daat den Jerome Faber hei ragescannt huet.
Trotzdem gin ëch nach den läschten Schrëtt a froen d'Copie äus dem Daafregister bäim Paschtouer un.
Un d'ganz Equipe hei, é groussen Merci fier ären Assaz!

Wees elo nëtt waat do sou schwéier ze verstoen ass! Ëtt ass nëtt nëmme d'Kiirch, sondern, MIR d'Kiirch!
Deen "Veräin" wéi dir hei sou schéin soot, existeiert nëmmen, well ëtt méi wéi nëmmen duerch eng Persoun besteet. An sou laang der een oder zwee zesummen sinn ass ëtt Kiirch, wou ech och derbäi sinn! :D
An jo ech stinn der zou! Keen deen austrëtt wärt d'Kiirch vermëssen, well déi schon laang verluer woaren! Ech mengen ëtt keinten der rouheg nach austrieden, fiir dass endlech d'Onkraut vun den gudden Planzen getrent sinn. An dass déi gudd Planzen fräi vun allem schlechten kann wuessen an staark ginn! An d'Onkraut soll am Eiwegen Feier vebrennen!
Een wonnerscheinen Owend nach, an vergiesst nëtt, är Entscheedung der Gemeinschaft den Reck ze dréien gouf an den Regesteren beigefügt.
EG