Guy Wagner, Schrëftsteller

Sou wéineg, wéi ech gefrot gouf, op dës Welt ze kommen, sou wéineg gouf ech gefrot, ob ech wéilt gedeeft ginn: Ech krut d’Noutdaf an der Maternité, well se gefaart haten, ech kéint et net packen, an dann hätt ech kee “Laissez-passer” gehat, fir “an den Himmel ze kommen” (sic!).
Duerno huet d’Indoktrinatioun an hirer ganzer Intesitéit ugefaangen, a wéi ech, spéit, mä duerfir ëmsou méi kloer, hannert dat schwaarzt Spillche gesinn hat, wollt ech scho viru 40 Joer näischt méi mat där Organisatioun ze dinn hunn. Just, si huet deemols net emol op meng Ufro reagéiert. Dofir soll dann elo endlech eng kloer Trennlinn gezu ginn.
Ech sinn en Agnostiker, well mäi kleng Gehir mir net duergeet, fir z’erkennen, ob et “e Gott” gëtt oder net, an dat ass mer och esou laang wéi breet. Ech probéiere mäint op dëser, eiser eenzeger Welt ze maachen, esou gutt, wéi ech kann, a mech weider derfir anzesetzen, datt se manner ongerecht a grausam gëtt.
Dobäi muss ech ëmmer erëm feststellen, datt dat, wat am meeschten zur Ongerechtegkeet a Grausamkeet op der Welt bäidréit, d’Relioune sinn an de Fanatissem, deen zou en alleguer – alleguer! – derzou gehéiert.
Wann een och nëmmen en iwwerflächleche Bléck op d’Geschicht vun där Kierch werft, an där hire Schouss ech virun iwwer 70 Joer gefall sinn, sou kënnen engem nëmmen d’Schudderen ausgoen.
Gëtt et eng Organisatioun, déi méi Verbriechen ze veräentwerten huet, wéi d’Catholica? Gëtt et ee kriminellen Zentrum, dee fir méi Blutt verantwortlech ass, wéi de Vatikan? Kann een als mënschlecht Wiesen, wat och nëmmen mat e bësse Verstand ausstafféiert ass, deem Veräin do iwwerhaapt nach ugehéieren?
Zemools deen a sengem Muechtstriewen, senger Geldgeier, senger Arroganz, senger Frechheet, senger Respektlosegkeet vis-à-vis vun aneren net z’iwwertrompen ass ...
Wéi déi rezent Amëschung vum Vatikan a vu sénge Filialen an déi politesch an zivilisatoresch Entscheedunge vun engem souveräne Parlament wéi deem Lëtzebuerger dëst beweist.
Wéi d’Degradatioun vun deem Mann, deen an eisem Land iwwert de Parteien an Ideologien misst stoen zum Vatikans-Lakai et bestätegt.
Dës Kierch ass eng Ongeheierlechkeet. Si stellt Fraën, Homosexueller, Unhänger vun anre Reliounen, a besonnesch och déi, déi net gleewen, als mannerwäerteg, als “krank” dohin.
Dës Kierch léisst et aus hirem onmënschlechen Dogmatismus eraus zou, datt Mënschen zu Dausenden aidskrank ginn, well si géint Präservative ass, genee sou, wéi se géint Empfängnisverhiddung am allgemengen, Avortement an Euthanasie Stuerm leeft... An dat an enger Zäit, wou hire “Big Boss” mat deene schlëmmste Reaktionären, Faschisten an Revisionisten ubändelt.
De rezente Fall Eluana Englaro bleift a beschter Erënnerung: Hei huet den HJ-Ratzinger am selwechte Moment vu “Muerd” geschwat, wou hien dee kretinéisen Richard Williamson, deen de milliounefache Massaker an den Nazi-Kazetter leegent, aus der Exkommunikatioun erausgezunn an bei sech wëllkomm geheescht huet.
Mä do, wou sou Leit sinn, kann ech net sinn.
An dofir: Nëmme séier eraus!

- Guy Wagner