Jay Schiltz, Journalist

Eigentlech wollt ech ni aus der kathoulescher Kierch austrieden. Ech hun ëmmer nach gehofft, se giffe mech enges Daags erausgeheien, exkommunizéieren, wéi si dat nennen. Mee der Däiwel klamert sech jo net esou un eng Séil, a wa se nach esou schwaarz as, wéi di alles séileg maachend kathoulesch Mamm. A wann d’Leegnen vun der Shoah net kann dervun oofhalen, datt eng Exkommunikatioun réckgängeg gemaach gëtt, wéi soll ech da jemools derzou kommen.

An der Läscht hun ech di Hoffnung opgin a well vun deser Geleenheet profitéieren, fir méngersäits offiziell aus dem Veräin auszetrieden.

Vun allen reliéisen a philosopheschen Iwwerleeungen emol oofgesin, firwat ee soll austrieden well ech mech virun allem dem Paul Hammelmann uschléissen. Et as ganz einfach onerdreechlech ze wëssen, datt een engem Klub ugehéiert, och wann ee ni gefroot gouf, ob een dat iwwerhaapt wellt, deen sech am Laf vu sénger Geschicht deenen schrecklechste Verbriechen schëlleg gemaach huet an deen haut nach a sénge Reien Leit toleréiert, déi behaapten et hätt d’Gaskummeren vun Auschwitz-Birkenau, Treblinka, Maidanek, Sobibor an esou weider net gin. Wéi huet de Karlheinz Deschner mol geschriwwen: Die Heiligenlegenden der katholischen Kirche zieren die Namen von tausenden heiliggesprochenen Verbrechern.

- Jay Schiltz