Virun iwwert 10 Joer sin ech aus Grënn vun Gewessensfraiheet aus der Kierch ausgetrat. Als Athéist steet fir mech d’Selbstbestëmmung vum Mensch virun all reliéisem Dogma an all reliéiser Institution. Den Austrett war fir mech och eng Saach vun Éierlechkeet vis-à-vis vun mir selwer an der Kierch an dat wollt ech offiziell kloerstellen. Ech muss soen, dat ech awer och immens revoltéiert sin iwwert déi rézent Aussoen vum Popst e.a. betreffend Homosexueller an dat hien Holocaustléegner an reaktionär-faschistesch Stréimungen an der offizieller Kierch ennerstëtzt. Dat wier fir mech secher och als Katholik eng Ursaach gewiescht, fir aus der Kierch auszetrieden.
- Eugène Berger
